Am Dienstagabend erreichten uns erste Informationen, dass sich in Reisdorf auf dem Trainerposten etwas getan hätte. Auf Nachfrage hin wurde uns von offizieller Seite Folgendes bestätigt:
Frank Otto hat beim Zweitdivisionär US Reidorf 47 seinen Rücktritt mit sofortiger Wirkung angekündigt, eine Entscheidung, die der Verein laut Presseschreiben (s.u.) auch angenommen hat und respektiert.
Damit geht in Reisdorf eine wahre Ära zu Ende, Otto war seit über zehn Jahren Trainer an der Sauer. Die Tür stehe ihm immer offen, so der Club weiter. Über die Gründe des Rücktritts wurden von offizieller Seite keine Angaben gemacht.
D'Union Sportive Reisdorf muss schwéieren Häerzens matdeelen, datt de laangjäregen Trainer vun der éischter Ekipp a Koleeg, de Frank Otto, säin Amt no iwwer 10 Joer néiergeluecht huet.
De Veräin ass him immens dankbar fir déi Aarbecht, déi heen iwwer déi ganzen Zäit geleescht huet. De Frank huet ëmmer zum Veräin, dem Comité an de Spiller gestanen an zumools a schwéieren Zäiten keen am Stach gelooss.
No iwwer 10 Joer an der Fonktioun als Trainer a ville Verdéngster, sportlech ewéi mënschlech, huet de Comité aus Respekt eisem gudde Koleeg, dem Frank, seng Entscheedung mat "effet immédiat" opzehalen, respektéiert.
Hee wäert ëmmer een Deel vun der U.S. Reisdorf bleiwen an d'Dier steet ëmmer ganz ganz grouss fir heen op. Mir wënschen him nëmmen dat Allerbescht a gënnen him seng wuelverdéngte Paus.
de ganze Veräin
View this post on Instagram
⚽️❌After more than ten years in charge, D2 club of Reisdorf head coach Frank Otto resigned from his job. Read more on 👉 https://t.co/Ax3BG1eZkZ (🇩🇪/🇱🇺)#football #luxembourg #fupa #fupalux #letzebuerg #soccer #fupanet pic.twitter.com/07Wje17Nat
— FuPa Luxembourg (@fupalux) September 21, 2022