Wie die UN Käerjeng 97 bereits vor einer knappen Woche mitteilte, wird Vereinspräsident Fränk Klinkert zum Saisonende zurücktreten. Ausschließlich berufliche Gründe sollen zu dieser Entscheidung geführt haben.
Hier die Pressemitteilung des Vereins im Wortlaut:
Mesdames, Messieurs,
Par la présente je vous transmets un communiqué de presse concernant la démission de Monsieur Fränk KLINKERT de son poste de président de l’U.N. Käerjeng ’97 à la fin de la saison 2017-2018. Il est à préciser que cette démission est exclusivement motivée par des raisons professionnelles.
Där Dammen an Hären, léif Sportsfrënn.
Ech muss Iech heimat matdeelen, dass ech schwéiren Häerzens mäi Posten als Präsident vum U.N. Käerjeng ’97 op der Generalversammlung den 29. Juni 2018 wäert nidderleeën.
Dës Entscheedung huet weder sportlech nach perséinlech Grënn, mä ass reng berufflech begrënnt! Duerch nei berufflech Erausfuerderungen an den doduerch entstaanenen Zäitopwand, hunn ech déi lescht Méint misse feststellen, dass et mer leider net méi méiglech ass mäi Posten als Präsident weiderzeféieren.
Natierlech wäert den U.N. Käerjeng ’97 weider „mäi“ Veräin bleiwen an ech wäert och ëmmer gär mat Rot an Dot zur Verfügung stoen.
Fränk KLINKERT
Präsident U.N. Käerjeng ’97
U.N. Käerjeng ’97 a.s.b.l.
Jim THOMES
Vice-président
Secrétaire général