2024-05-02T16:12:49.858Z

Vereinsnachrichten

Dylan Meireles verstäerkt eis Defense

Nom Gullit präsenteieren mir Iech haut och direkt nach eisen zweeten Wantertransferts.

Den Dylan Meireles ass den zweeten neie Spiller an dësser Wanterpaus. No laange Jore beim Stater Racing huet de Verdeedeger de Wee op Grenz bei Jeunesse vun Esch gewot. Trotz sengem eréischt 23 Joer konnt hie schonn seng Erfarungen an der BGL Ligue sammelen. Den Dylan ass e jonken an talentéierten, mee och hongerege Spiller mat enger gudder Mentalitéit.

Den Dylan wëlle mer häerzlechst bei eis zu Miedernach begréissen a wënschen him ganz vill Gléeck a Spaas an senger neier Equippe.

Aufrufe: 014.12.2021, 19:25 Uhr
Kevin HarpesAutor