2026-04-23T13:43:33.969Z

Vereinsnachrichten

Neien Trainer

von Tom LANNERS · 16.05.2018, 19:35 Uhr · 0 Leser

No gut 250 Matcher an der BGL Ligue an an der Éirepromotioun fir den FC Wooltz 71, ďEtzella Ettelbreck, Harel Iischpelt an den FF Norden 02, hängt den KOPECKY Tom no der Saison 2017/18,
ď Schung un den Nol.
Well hien dem Fussball awer erhalen bleiwen wëllt an den FC AS Housen ee jonken, motivéierten Trainer gesicht huet, hunn mir eis zesummen gesat. Schnell huet sech raus gestallt, datt mir an déi selwecht Richtung denken. Den FC AS Housen ass stolz drop, iech den KOPECKY Tom als neien Trainer fir stellen ze dierfen. Hien bréngt den MOLITOR Serge als Goalkeeps-Trainer mat.

Merci soen mir dem REICHLING Jean-Marie an dem THIES Laurent fir hier Aarbecht déi 2 letzt Joer.

Eisen Goalkeeps-Trainer, den HEILES Romain, bleift eis erhalen. Hien iwwerhëlt ab nächster Saison eis Jugend Goalkeeperen.